Lescht Ännerung: 05.02..2012

NEWS


WICHTEG

Mir Sinn Elo Och Op FACEBOOK

Massdinger Diddeleng


VERSAMMLUNGEN

11.02.2012
10:30 Auer
Versammlung fir déi kleng Massdinger an der Kierch
11.02.2012
19:00 Auer
Spèitschicht fir déi grouss Massdinger an der Kierch

Et ass einfach wichteg, dass een als Massdenger och an séng Versammlung geet. (duerzou an der Versammlung méi Informatiounen).
All eis Versammlungen ginn eenzel vum Team virbereed a fir eist Team ass et och net frott, wa mir dann net do sin.
Wann een verhënnert ass soll een sech um Tel:661512103 oder um Mail : woltera@pt.lu perséinlech ofmellen.

Lénks ënnert Versammlungen, fannt dir Datumen fir déi nächst Versammlungen.

Reservéiert iech dës Zäiten fir eis Massdinger

Extra-Mass am Mount Februar

Äschermëttwoch - 22. Februar 2012
Familjemass um 18:15 Auer
mat Faaschteniessen duerno

Buergbrennen - 26. Februar 2012
Gottesdéngscht um 18:00 Auer
an der Butschebuerger Kapell


Mir baaken FUESEND

Fir eis Paraktioun baake mir Fuesend mat de Massdinger,
déi mir dann an der Kiirch no de Massen um Fuessamchdech a Fuessonndeg verkaafen.


Jiddereen ass wellkomm fir ze hëllefen!

Samschdes den 18.Februar 2012
Vun 8.30 Auer bis 11.30 Auer



Hei gin och grouss Massdinger gebraucht fir ze baaken.

Mell dech weg un bai der Sr.Simone um Tel :511686 wéini dass du kanns hëllefen.

Mir baaken bei der Sr.Simone doheem.
(wann engem séng Mamm oder säi Papp wëllt hëllefen,jiddereen ass wellkomm)


Kannermassen
nees all Dënschdeg um 18.15 Auer


Denkt och drun Dënschdes ,wann dir Zait hutt, dingen ze kommen.



Mir spueren fir ELA

Mat de Wäffelcher an dem Glühwain hu mir schons 1850 Euro gesammelt.

ELO schons ee grouse MERCI fir all Euro dee mir kritt hun an nach kréien




Ausflug 2012:
vum 9.4. – 14.4.2012

WIEN

Den Hotel ass schons gebucht:
Meininger
Hostell Downtown Franz.
Deen ass am
Oktober 2011
am Zentrum vu Wien opgaang
An der zweeter Woch vun der Ouschtervakanz
(vum 8.4 bis den 14.4.2012)
fuere mir zesummen mat dem Sanggrupp an de Gitaristen op Wien.

Mir fueren och nees mam Bus.
De Präis ass ëm déi 350 Euro.

Denkt drun, iwwerweist eis den zweeen Accompte
vun 100 Euro

Bis Ugangs März muss dann alles (350 Euro) bezuelt sinn.

Iwerweist är Suen op de Compte vun de Massdenger vun Diddeléng
bei der Banque et Caisse D'Epargne de l'Etat,
eis IBAN Nummer: IBAN LU67 0019 7000 0750 4000
mam Vermierk: WIEN 2012


Schreiwt awer och den Numm vun deem, dee mat geet, dann ass et fir eise Caissier méi einfach.


Reservéiert iech elo schons den Datum vun der ELTEREVERSAMMLUNG
fir den AUSFLUG op Wien

Dënschdes, den 20. März 2012
um 19:30 Auer an der Kierch




Lasagne 2012

Klickt weg op d'Bild fir d'Umeldung wéini dir hëlleft
Mir maachen LASAGNE mat de Massdenger, Gitaristen an dem Sanggrupp den 2.an 3.März am Home Saint Jean vun eise Guiden a Scouten (wou jiddereen selwer kann dohinner kommen mat den Elteren oder City-Bus).

Hei kënne mir ais Kees fir den Ausflug opstocken. Jiddereen ass wellkomm fir ze hëllefen .(mir brauchen dës Suen fir aisen Ausflug op Wien awer och am Juli an den Europapark, soss muss all Massdinger wéinstens 50 Euro méi bezuelen an dat ass vill Geld).
Freideg, 2. März 2012
Vun 15:00 - 22:00 Auer
Hei maache mir d’ Sauce an och schons fänke mir mat deenen éischte Portiounen un.
(Hei hëllefen déi grouss Massdinger, Gitaristen, Sänger an Elteren déi eis wëllen eng Hand mat upaaken)
Samschdeg, 3. März 2012
vun 09:00 – 12:00 Auer
vun 14:00 – 18:00 Auer
Samschdes maache mir dann d’Lasagne wou jiddereen soll hëllefe kommen. Selbstverständlech gin och hei de ganzen Dag Erwuessener gebraucht

Jiddereen soll esou vill hëllefe kommen wéi hien kann, wann et geet eemol muerges an och eemol nomëttes. Fir eis elo gudd ze organiséieren soll een de Chargeplang hei um Info ausfëllen, an da mat Mail zerëckschëcken oder an der Versammlung oofgin den 11. Februar. Do an der Versammlung setze mir de Chargeplang zesummen.

Mir brauche all Stonn 25 Stëck déi hëllefen (10 beim Deeg, 14 beim Kachen an Afëllen an 1 beim Deeg maachen),
dat ouni déi, dei an der Kichen alles virbereeden.
Fir dës Aktioun brauche mir och d’Ënnerstëtzung vun de Elteren vun eise Massdinger, Gitaristen a vum Sanggrupp.
Kommt eis och hëllefen w.e.g


Klickt weg op d'Bild fir de Bestellziedel
Bestellziedel
An der nächster Versammlung kritt jiddereen Ziedelen fir bei senger Famill, bai den Noperen an senger Stroos REKLAMM ze maachen

Eist Team 2012 vun de Massdinger:

    • Daniel Biren
    • Christine Goy
    • Nathalie Goy
    • Bob Hengen
    • Pierre Heintz
    • Fränzi Kemp
    • Stéphanie Lopes
    • Bob Pauly
    • Albert Reiland
    • Joelle Scholer
    • Tessi Sins
    • Mia Weydert
    • Änder Wolter
    • Noémie Wolter

    Caissier:

    • Mike Kickert



Aktiounen vun den Massdinger

22.02.12
Äschermëttwoch
26.02.12
Buergbrennen zu Butschebuerg
2. & 3. März 2012
Lasagne am Scoutshome
09.04. 14.04.2012 Wien